De briteschen Elektro-Pop-Duo ass zréck mat enger neier Single

Fakten:
5 Joer ass et hir, dass d'Geschwësterkoppel Guy an Howard Lawrence, besser bekannt ënnert dem Numm Disclosure, mat hirem Debütalbum „Settle“ bekannt goufen. Elo hunn Disclosure ee bal  80 Joer ale Song gecovert an dobäi House-Beats ënnert dësen Jazzklassiker gemixt. D'Originalversioun staamt vum Elvis Presley a Frank Sinatra.

Aussergewéinleches:
D'Originalversioun vum Song kënnt aus dem Joer 1940. Do waren net mol d'Elteren vun de Lawrence-Bridder vun Disclosure op der Welt.

Fréier Hits:
Hiren éischte groussen Erfolleg haten Disclosure 2012 mam Song "Latch" mam Soulsänger Sam Smith. En Top 40 Hit an England.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris , Route 94, Years&Years

Lauschtert eran: