De Song "Cordula Grün" ass den éisträichesche Summerhit 2018. Elo eruewert de Wiener Museker Josh. och aner Länner.

Fakten:
Den Josh. kënnt vu Wien an ass Singer/Songwriter. A sengem aktuellen Hit geet eng Fra mam Numm "Cordula Grün" him net méi aus dem Kapp. An Éisträich ass d'Lidd schonn een Hit!

Aussergewéinleches:
Hannert sengem Numm steet e Punkt. Wéi de Museker erkläert, huet dat him optesch gefall. Et wier e bëssen eppes fir d'An.

Fréier Hits:
De Moment schafft den Josh. nach u sengem éischten Album. Dee soll spéitstens Ufank 2019 eraus kommen an op alle Fall "Cordula Grün" op der Tracklist hunn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Annenmaykantereit, Kraftklub, Bilderbuch

Lauschtert eran: