Den Tom Walker kënnt den 1. Dezember live an den Atelier.

Fakten:
D'Single "Leave A Light On" war fir den Tom Walker den Duerchbroch. Elo presentéiert de schottesche Museker Tom Walker seng nei Single "My Way". Am Oktober kënnt säin Album "What A Time To Be Alive" eraus.

Aussergewéinleches
Viru kuerzem hat hien op Instagram "No Roots" vum Alice Merton gecovert. D'Sängerin huet dunn een Häerz gepost a geschriwwen, dass si Fan vum Tom senger Versioun ass.

Fréier Hits:
De Singer/Songwriter huet mat sengem Song "Just You & I" dëst Joer säin éischten Hit an den USA gelant, bei eis an Europa gouf hien duerch den Hit "Leave a light on" bekannt. Resultat: méi wéi 100 Millioune Spotify-Streams, Top Ten vun den iTunes-Charts, Plaz 1 an 12 Länner.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, JP Cooper, James Arthur

Lauschtert eran: