De franséischen Duo ass zréck mat engem neien potentiellen Hit.
Fakten
De franséische Produzenten-Duo Ofenbach mausert sech ëmmer méi zur Hitmaschine am kommerzielle Beräich. Elo ass hir nei Single “Paradise“ eraus komm. Ënnerstëtzung gëtt et hei vum schwedesche Sänger Benjamin Ingrosso, dee virun e puer Méint beim Eurovision Song Contest säin Heemechtsland vertrueden huet. Stilistesch geet de Song an déi selwecht Richtung wéi di fréier Singelen (“Be Mine“, “Katchi“). Et huet een e coolen Oldschool-Sound, dee mat modernen elektroneschen House-Beats kombinéiert gëtt.
Aussergewéinleches
Ofenbach setzt sech aus de Produzenten Cesar Laurent de Rummel an Dorian Lauduique zesummen. Di 2 sinn zanter hirer Kandheet befrënt an hu Mëtt vun den 2000er ugefaangen, zesumme Musek ze produzéieren. Ugefaangen hu si mat Rock a Blues, elo sinn si am Beräich Electro-Pop an House gelant.
Fréier Hits
De franséische Produzenten-Duo huet sech mat sengem Sound net just a Frankräich een Numm gemaach. “Be Mine“ war 2017 hiren éischte groussen Hit, dono koum mat "Katchi" eng weider grouss Single.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Jax Jones, Kungs, Feder
Lauschtert eran: