© afp
Den Jeremy Loops kënnt den 1. Februar 2019 live an den Atelier.
Fakten
Den Jeremy Loops gëllt als ee vun den intressantsten internationale Museker aus Südafrika. Säin 2. Studioalbum "Critical As Water" ass Ufank 2018 eraus komm. Déi 1. Singelen „Waves“ a "Freak" war e schonn erfolelgräich. Elo ass hien zréck mam neien Titel "Gold"
Aussergewéinleches
Als begeeschterten Naturschützer, passionéierte Surfer a Weltreesenden fierft säin Wonsch, nei Länner a Kulturen z'entdecken, och op seng Musek of.
Fréier Hits
Den Jeremy Loops huet di südafrikanesch Musikszene 2014 mat sengem Debütalbum „Trading Change“ eruewert an mat allen 3 Singleauskopplungen ee Radio-Hit gelant. Hien huet d'Chartsspëtzt a Südafrika an och Plaz 1 bei iTunes erreecht. Den Album huet Goldstatus a Südafrika erreecht a gouf vun iTunes SA zum Album vum Joer gewielt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kelvin Jones, Newton Faulkner, Mighty Oaks
Lauschtert eran: