Den Alvaro Soler kënnt den 14. Mee 2019 live an d'Luxexpo.

Fakten
Di nei Single "Puebla“ ähnelt de bekannten Hits vum Latin-Pop-Sänger, wéi “Sofia“ a “La Cintura“. De Song baséiert um selwechte Konzept, wéi déi aner Produktioune vum Songwriter. E gutt gelaunte Latin-Pop Instrumental, mat de rouege Kläng vun enger Gittar, suerge fir eng summerlech Atmosphäre. Den Album “Mar De Colores“ kënnt de 07. September 2018 eraus.

Fréier Hits
Mat Hits wéi „Sofia“ an „El Mismo Sol“ huet den Alvaro Soler sech weltwäit am ganzen 36 Gold- a Platin-Awards geséchert. Mat sengem Debütalbum gouf de Songwriter aus Barcelona a ganz Europa bekannt. Hien huet domat Plaz 1 an Italien, der Schwäiz a Polen erreecht. Mat "La Cintura", der éischter Single-Auskopplung vu sengem neien Album “Mar De Colores“, ass de Sänger op Plaz 7 vun den däitschen Single-Charts geklommen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Enrique Iglesias, Ricky Martin, Luis Fonsi

Lauschtert eran: