© Eldoradio
D'Dua Lipa lancéiert seng nei Single zesumme mam Diplo a Mark Ronson
Fakten:
Nodeems d’Dua Lipa scho mam Martin Garrix, Calvin Harris a Major Lazer zesumme geschafft huet, stoung hatt elo och mam Diplo a Mark Ronson am Studio - besser bekannt ënnert dem Duo-Numm Silk City. “Electricity” heescht hir gemeinsam Single, déi dësen Donneschdeg offiziell eraus komm ass. De Song ass e Mix aus spirituellem Piano an House-Beats.
Ausserdeem bréngt d‘Dua Lipa den 19. Oktober eng Deluxe-Edition vu sengem aktuellen Album eraus. Nieft „Electricity“ sinn nach 2 nei Lidder drop, ausserdeem Remixer vu bekannten Hits.
Aussergewéinleches:
Mat 15 huet d'Dua Lipa seng Elteren iwwerriet, seng Heemecht Kosovo eleng verloossen ze dierfen, fir zu London seng musikalesch Carrière ze lancéieren. Hatt huet an engem Restaurant geschafft an niewebäi Coversongs vu sengen Ikonen opgeholl – wéi Christina Aguilera an Nelly Furtado – an d'Tracks op Youtube gestallt. Seng Carrière koum a Schwong, wéi hatt an engem Trailer fir di britesch Talentshow "The X Factor" matgewierkt huet, an de Management vum Lana Del Rey sou op hatt opmierksam gouf.
Fréier Hits
Mat der Single “Be the One” gouf d'Dua Lipa 2015 bekannt. Zanterhier war di britesch Sängerin mat Nummer-1-Singelen wéi “New Rules”, “IDGAF” an “One Kiss” mat Calvin Harris wochelaang weltwäit an de Rankings vertrueden.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lorde, Tove Lo, Rita Ora
Lauschtert eran: