© JOHN THYS / AFP
Déi dänesch Band Lukas Graham ass zréck mat neier Musek. "Love Someone" ass déi éischt Single vum neien an 3. Lukas Graham Album. Dee kennt de 26. Oktober.
Fakten
Di dänesch Band Lukas Graham presentéiert eng nei Single. “Love Someone” ass eng gefillvoll Ballade. D'Lidd gouf fir di grouss Léift vum Leadsänger Lukas Forchhammer geschriwwen. De Song ass den éischte Release vum neien an 3. Lukas Graham Album "3 (The Purple)". De wäert de 26. Oktober erauskommen.
Aussergewéinleches:
De Sänger Lukas Forchhammer huet scho mat 5 Joer an dänesche Kannerfilmer matgespillt. Hien war och als Synchronspriecher an däneschen Animatiouns- a Comicfilmer aktiv.
Fréier Hits:
Mat "Drunk In the Morning" am Joer 2012 a "Mama Said" zwee Joer méi spéit, hunn déi dänesch Museker éischt Succèse gefeiert. E weltwäiten Hit hat d'Band 2015 mat "7 Years". D'Lidd war nominéiert fir 3 Grammy'en an et war zejoert op Plaz 7 an der Lëscht vun de meescht verkaafte Lidder weltwäit.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Charlie Puth, Bruno Mars, Magic!
Lauschtert eran: