D'Waardezäit op säin éischten Album verséisst eis de Sigala mat der neier Megastar-Kollabo-Single "Just Got Paid"
Fakten
De briteschen DJ Sigala bréngt den 28. September säin Debütalbum „Brigther Days“ eraus. Hien verkierzt d'Waardezäit op den Album mat der neier Single „Just Got Paid“, fir déi hien gläich e puer Special Guests konnt gewannen: di amerikanesch Sängerin Meghan Trainor, French Montana, d'Chic-Legend Nile Rodgers an di britesch Sängerin Ella Eyre.
Aussergewéinleches:
Sigala ass de Kënschtlernumm vum londoner Museker Bruce Fielder. Mat 8 Joer huet hien Piano geléiert. Nom Abi huet hien a verschiddene Bands gespillt. Am Abrëll 2015 huet hien op Soundcloud d'Single "Easy Love" eraus bruecht, déi et op Plaz 1 vun de briteschen Charts gepackt huet.
Fréier Hits
De Bruce Fielder alias Sigala gouf 2015 europawäit bekannt wéi hien de Song "Easy Love" eraus breucht huet, ee Lidd wat op engem Sample vun "ABC" vun den Jackson Five aus dem Joer 1970 baséiert. Dono koum d'Single "Sweet Lovin'", déi och e groussen Hit gouf . Mat "Give Me Your Love" an "Came Here for Love" koumen weider Hitsingelen dobäi. Mat "Lullaby" soll lo deen nächsten Erfolleg kommen.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Jonas Jones, Bakermat
Lauschtert eran: