"Right Now" heescht di gemeinsam Single vum Nick Jonas (ex Jonas Brothers) a Robin Schulz.
Fakten
De Robin Schulz an den Nick Jonas (ex Jonas Brothers) melle sech mat enger neier Single zréck. "Right Now" heescht den Titel, bei deem béide Museker hir Stäerkte presentéieren.
Aussergewéinleches:
Fir den Nick Jonas ass "Right Now" net déi éischt Collaboratioun mat engem EDM-Star. Schonn 2017 huet den US-Amerikaner seng Single "Remember I Told You" mam Mike Posner eraus bruecht an iwwer 20 Millioune Streams weltwäit erreecht.
Fréier Hits
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder mam Piso 21 den Titel "Oh Child".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs
Lauschtert eran: