Am Virfeld vun hirem Debütalbum "MINT" schéckt di 24 Joer al Sängerin eng weider Single an d'Course.

Fakten:
Am Januar 2019 bréngt d'Alice Merton säin Debütalbum ‚Mint‘ op de Maart. Doraus gëtt et elo schonn d'Single "Why So Serious". „Ech war e bësse genervt, well all Mënsch gefrot huet, ob deen nächste Song wuel sou erfollegräich géing ginn, wéi "No Roots", erkläert d'Sängerin. „An dunn duercht ech: Egal! Ech si glécklech, ech hunn di bescht Zäit vu mengem Liewen, also: Firwat esou eescht ?’”

Aussergewéinleches:
Mat senger éischter Hit Single "No Roots", déi am Mee 2017 op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoung, ass d'Alice Merton an dëser Woch fir eng éischte Kéier an d'US Charts erageklommen. Méi wéi d'Plaz 100 sollt awer net dobäi eraussprangen.

Fréier Hits:
"No Roots" sollt Europawäit e groussen Hit ginn an och fir 3. Wochen op der 1 vum Eldo Chartbreaker stoen. Mat de Singelen "Hit The Ground Running" an "Lash Out", huet d'Alice Merton gewisen, dat et kee One-Hit-Wonder ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michels, Bishop Briggs, Tom Grennan

Lauschtert eran: