Bal genee ee Joer no sengem Album "tru." kënnt de Cro mat neiem eegenem Label an engem neie Feature-Guest zréck.
Fakten:
De Cro an den Trettmann sinn 2 Exoten an der däitscher Rap-Szene. De Cro huet säi Raop-Stil selwer erschafen. Den Trettmann, ass den Hip Hop-Nerds scho laang e Begrëff, mee a sengem Mix aus Hip-Hop an Dancehall mécht hien sech der breeder Mass eréischt lues a lues bekannt. De gemeinsamen Track "10419“ ass di perfekt Mëschung aus béide Welten. Et fënnt ee e melancholesche Sound an een Text iwwert d'Liewen, Geld a Frënn. Wee genee lauschtert, fënnt ëmmer nees Extraiten aus ale Songs vun deenen 2.
Aussergewéinleches
"10419“ ass keng Telefonsnummer oder ee Pin-Code. De Cro erkläert direkt am Ufank - hien zielt d'Deeg: 10419 Deeg sinn 28 Joer. Dat ass dem Cro säin Alter!
Fréier Hits
Mat der Single "Easy" gouf de Cro 2012 bekannt. Dono hat hien mat der 2. Single "Du" ee weideren Hit. Den Debütalbum "RAOP" huet sech méi wéi eng Millioun mol verkaf. Och den 2. Album war erfollegräich mat Singelen wéi "Traum" an "Hey Girl".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Marteria, Sido, Peter Fox
Lauschtert eran: