’Aupaire huet den Hit "Cool Kids" vun Echosmith gecovert.

Fakten:
De L’Aupaire heescht richteg Robert Laupert. Hien kënnt aus dem däitschen Hessen a spillt eng Mëschung aus Folk, Pop a Blues. Mëttlerweil wunnt hien zu Berlin. Säin Debutalbum "Flowers" koum Ufank 2016 eraus. De Robert beherrscht e puer Instrumenter, an hien ass e Cover-Fan. Seng Versioun vu "Cool Kids" ass vill méi lues wéi d'Original. Begleet gëtt de Song vun enger doucer E-Gittar. Um Text huet sech awer näischt geännert. De Robert séngt vum Wonsch, zu de coole Kanner ze gehéieren.

Aussergewéinleches
Fir seng musikalesch Carrière ass de L’Aupaire an Holland geplënnert. Duerno souguer op Budapest. Do huet hien an engem kléngen Zëmmer gewunnt a sech Gedanken iwwert seng Zukunft gemaach. Sou sinn och déi éischt Lidder vu sengem Debutalbum entstanen.

2016 huet hien mat 11 anere Museker a senger Heemecht en Drinkshop opkaaft an deen an e Studio ëmgewandelt.

Fréier Hits
2017 huet de L’Aupaire schonn eng Versioun vun "Dancing In The Moonlight" vun Toploader nogespillt. De Party-Klassiker huet hien an een akustesche Folk-Song verwandelt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Mark Forster, Philipp Dittberner, Mighty Oaks

Lauschtert eran: