Den Amerikaner Iggy Uriarte presentéiert ënnert sengem Kënschtlernumm Lions Head eng nei Single
Fakten
De Sänger Ignacio "Iggy" Uriarte kombinéiert elektronesch Loops mat folkege Gittaren, dynamesche Rhythmen a melodiéisem Refrain. Mat sengem Projet Lions Head portraitéiert hien d'Geschichten vum Liewen mat Groove, Charme an engem positive Vibe. A senger neier Single "So Mean" séngt den US-amerikanesche Sänger iwwert eng Fra, déi him de Kapp verdréit huet a mat senge Gefiller spillt.
Aussergewéinleches
Den Lions Head ass een New Yorker Museker dee scho fréi seng musikalesch Carrière ugefaangen huet. Schonn als Kand hu seng Elteren him d'Musek vun The Beatles, The Beach Boys oder Gypsy Kings virgestallt. Mat 10 Joer huet hie selwer ugefaangen Piano ze spillen sehc dono weider Instrumenter bäibruecht wéi Gittar, Bass a Batterie.
Fréier Hits vun Lions Head
Direkt mat senger 1. Single "Begging", déi am Summer 2015 eraus koum, huet de Lions Head een Hit gelant. Hien huet net just d'Charts gestiermt, mee och de Video gouf iwwer eng Millioun mol ofgespillt. Di 2. Single "When I Wake Up" war net just e Radio-Hit, deen et an d'Top 20 vun den Charts gepackt huet, mee mat iwwer 5 Milliounen Streams huet d'Lidd sech och zum Online-Hit entwéckelt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech
Coasts, Redondo, Sam Feldt
Lauschtert hei een Extrait: