De belschen DJ presentéiert déi 1. Single vu sengem neien Album.
Fakten:
De belsche Producer Boris Daenen alias Netsky huet zesumme mam peruvianesche Singer-Songwriter A.CHAL de Summersong “Téquila Limonada” eraus bruecht. “Téquila Limonada” ass d'Leadsingle vum Netsky sengem neien Album "Palmtrees & Powerlines".
Aussergewéinleches:
Den däitsche Sender Pro7 hat säin Titel "Come Alive" 2012 als Hannergrondmusek an engem Spot agesat. Doduerch gouf den Netksy och an Däitschland engem méi breede Public bekannt.
Fréier Hits
Den Netsky ass ee belschen Drum-and-Bass-Produzent an DJ. Hien gëlt als Vertrieder vum sougenannten Liquid Funk, a gouf bannent kuerzer Zäit an der Szene ganz bekannt. Mam Titel "Here With You" zesumme mat Lost Frequencies huet hien et op Plaz 2 vun de belschen Charts gepackt. Och den Titel "We Can Only Live Today " war den belschen Top 10.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sigma, Rudimental, DJ Fresh
Lauschtert eran: