Den hollänneschen Trio presentéiert déi 1. Single aus sengem neien Album "Mounaiki"

Fakten:
De 5. Oktober bréngen My Baby aus Amsterdam hire 4. Studioalbum "Mounaiki" eraus. Dono ginn si op Tour duerch di europäesch Clubs - vun Amsterdam iwwer Paräis, London a Berlin.

Aussergewéinleches:
My Baby waren di grouss Entdeckung um Glastonbury Festival 2015. Op ganzer 6 verschiddene Stages ass den hollänneschen Psychedelic Blues Trio beim legendäre Musek-Event an England opgetrueden an huet de Publikum verzaubert- mat engem Mix aus Blues, soulegem Gesang a mageschen Trip Hop Beats.

Fréier Hits
Den 2. Album „Shamanaid“ (2015) huet dem Trio den internationalen Duerchbroch bruecht.  Mam 3. Album „Prehistoric Rhythm“ hunn My Baby 2017 hire Ruff als eng vun den intressantsten neie Bands confirméiert,

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Alabama Shakes, Curtis Harding, The Heavy

Lauschtert eran: