Den däitsche Pop-Newcomer presentéiert déi aktuell Single aus sengem éischten Album "Nie".

Fakten:
Eigentlech ass de Fynn Webdesigner, mee dunn huet hien  YouTube an Insta entdeckt – a säitdeem ginn et ëmmer nei Video'e vun him. Ausserdeem baut hien een alen Bauerenhaff zu engem Zentrum fir Kreativer ëm, huet eng eegen Webserie a mécht och nach Musek. Bei sou vill Stress an Action ass et wichteg, dass een en Anker huet. Dorëms geet et an "Zuhause“. Den Debütalbum kënnt den 28. September eraus.

Aussergewéinleches:
Fir de Video huet de Fynn sech eng Tattoo Maschinn geholl an d'Lyrics op der Haut vu senge Frënn a Fans veréiwegt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Marteria, Kraftklub, Josh.

Lauschtert eran: