© VALERIE MACON / AFP
Di amerikanesch Sängerin presentéiert eng nei Single aus sengem 2. Studioalbum "You Say".
Fakten:
D'Lauren Daigle huet mat sengem éischten Album „How Can It Be“ sämtlech Rekorder gebrach. Elo,3 Joer méi spéit, ass säin 2. Album „Look Up Child“ eraus komm. A senger neier Single „You Say“ séngt hat iwwer Selbstwäert an Zweifel. Stëmmen, déi him soen, dass hatt net genuch ass („I keep fighting voices in my mind that say I’m not enough“). Awer hatt weess, u ween hatt sech wenden kann, ween him weist, wat hatt wäert ass. („In you I find my worth, in you in find my identity“).
Aussergewéinleches:
Als Kand schonn huet hatt am Chouer gesongen a während sengem Studium huet et d'Leedung vum Chouer iwwerholl. Säi Papp huet hat encouragéiert, bei American Idol matzemachen.
Fréier Hits
Déi aktuell Single "You Say" huet Plaz 44 vun de Billboard Hot 100 erreecht. Dat ass fir d'Lauren Daigle déi éischt Presenz an den Charts.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sarah Bareilles, Ingrid Michaelson, KT Tunstall
Lauschtert eran: