3 Joer nom leschten Album "Wilder Mind" mellen Mumford & Sons sech mat neier Musek zréck.
Fakten:
Deen neien a 4. Studioalbum vu Mumford & Sons heescht “Delta” a kënnt de 16. November eraus. Gutt 10 Joer no hirer Grënnung kléngen Mumford & Sons däitlech méi erwuessen. Als 1. Single vum Album presentéieren Mumford & Sons den Titel “Guiding Light”.
Aussergewéinleches
Am Oktober 2012 waren si mat 6 Lidder an de Billboard Hot 100 vertrueden an hunn domat ee Beatles-Rekord vun 1964 gebrach.
Fréier Hits
Déi éischt 3 Alben vun der Band hunn weltwäit d'Top 10 vun den Charst erreecht. Deen 1. groussen Hit vun der Band war den Titel "Little Lion Man".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
The Lumineers, George Ezra, Of Monsters And Men
Lauschtert eran: