Nach 2018 wëllt den Olly Murs een neien Album eraus bréngen. Fir di nei Single huet hien mam Snoop Dogg kooperéiert.

Fakten:
„A massive slice of pure pop joy” – sou beschreift de britesche Sänger Olly Murs seng nei Single. Den Olly Murs ass grad am gaange säi neien Album fäerdeg ze stellen. Et ass säin éischten Album zanter „24 HRS“, deen 2016 eraus komm ass. Déi nei Single ass geschriwwe gi vum Ed Sheeran a Steve Mac,an ass Deel vum Soundtrack zu "Johnny  English Strikes Again", also deen neie Film mam Rowan Atkinson.

Aussergewéinleches:
An der Castingsendung  "X Factor" krut hien 2009 éischt Opmierksamkeet an doropshin och e Plackekontrakt. Hien huet zum Stevie Wonder sengem Hit "Superstitious" gedanzt wéi keen Zweeten.

Fréier Hits:
Den Debütalbum "Olly Murs" huet 2010 an England Plaz 2 erreecht. Seng éischt Hitsingle war "Please Don't Let Me Go": Plaz 1 an de briteschen Single-Charts. 2012 hat den Olly Murs an Däitschland säin éischten Hit mat "Heart Skips A Beat". Dono hat hien weider Hits mat "Troublemaker" an "Dear Darlin".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Justin Timberlake,Flo Rida, Jason Derulo

Lauschtert eran: