D'Australesch Museker vu Parcels liwwere mat "Lightenup" e Virgeschmaach op hiren Debutalbum, deen den 12. Oktober erauskënnt.

Fakten:
Mat engem Sound aus Disco, Pop a Funk, hu mir d'Parcels am leschte Joer kennegeléiert. Elo bréngen d'Australier, déi sech zu Berlin néier gelooss hunn, hiren Debutalbum eraus. De Longplayer dee wéi d'Band heescht, wäert den 12. Oktober erauskommen. 12 Lidder sinn um Album mat drop. Am Virfeld presentéiere si mat "Lightenup" eng weider Single aus dem Album. Et ass e funkeschen Disco-Song, dee staark un de Virgänger "Overnight" an de bekannten Daft Punk Sound erënnert.

Aussergewéinleches:
An engem Paräisser Club hunn d'Museker vu Parcels sech mam Thomas Bangalter an dem Guy-Manuel de Homem-Christo vun Daft Punk ugefrënd. Duerno huet ee sech fir ze jammen an engem klenge Studio getraff. D'Resultat war hiren éischten Hit "Overnight".

Hire neie Studioalbum hunn d'Museker selwer produzéiert. Och d'Lidder si vun hinne geschriwwen. 

Fréier Hits:

Weltwäit Opmierksamkeet kruten d'Parcels am leschte Joer duerch eben den Hit Song "Overnight". E Song dee vun hire Kollege vun Daft Punk matgeschriwwen a produzéiert ginn ass.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Daft Punk, Justice, Capital Cities

Lauschtert eran: