Di britesch-schwedesch R&B-Sängerin presentéiert eng nei Single. En Debutalbum soll och geschwënn kommen.

Fakten:
D'Mabel McVey (* 1996) ass a Spuenien gebuer, an zu London opgewuess. Seng nei Single "One Shot" soll op sengem Debutalbum drop sinn. D'Musekerin verschaaft op dem Album seng schwiereg Jugend. Als Teenager war hat guer net beléift an huet sech oft zréckgezunn.

Aussergewéinleches:
D'Mabel ass d'Duechter vun der Sängerin Neneh Cherry a vum Museksproduzent Cameron McVey (vun  der Band Massive Attack). D'Mabel ass deemno och d'Niess vum Eagle Eye Chery,

Fréier Hits:
2015 huet d'Mabel éischt Lidder eraus bruecht. Säin 1. Hit hat d'Sängerin 2017 mat der Single "Finders Keepers" zesumme mam Rapper Kojo Funds. Ufank 2018 hat hatt mam Titel "Fine Line" ee weideren Hit- des Kéier mam britesche Rapper NOT3S. Un der Säit vum Jax Jones ass et aktuell am Song "Ring Ring" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Anne-Marie, Ariana Grande

Lauschtert eran: