Stefanie Heinzmann an Alle Farben hunn zesummen een neien Dance-Pop-Song geschriwwen.
Fakten:
3 Joer huet een näischt méi vum Stefanie Heinzmann héieren. Elo ass di Schwäizer Popsängerin zréck mam EDM-Titel "Build A House" zesumme mat Alle Farben. De Song ass bei enger Session vun den zwee Museker entstanen. Eigentlech hu béid eng Sängerin fir d'Lidd gesicht, ma keng passend Stëmm fonnt. Dunn huet d'Stefanie Heinzmann selwer rëm de Mikro an de Grapp geholl.
Aussergewéinleches:
D'Stefanie Heinzmann war an de leschte Joeren net onaktiv. Hatt war an der Popstar Jury an huet der Animatiounsfigur Katie am Film "Pets" seng Stëmm geléint.
Fir den Alle Farben deen an de leschte Joren eng sëllegen Hits hat, ass et den éischte Song mat enger weiblecher Stëmm säit sengem Debuthit "Supergirl" mam Anna Naklab.
Fréier Hits:
Virun iwwer 10 Joer gouf d'Stefanie Heinzmann bekannt. Hatt huet d'Casting-Show SSDSDSSWEMUGABRTLAD am Kader vum senger Stefan Raab senger Show TV Total gewonnen. Seng Single "My Man Is a Mean Man" huet 2008 Plaz 3 vun den däitsche Single Charts erreecht. Och weider Songs wéi "Diggin’ in the Dirt" oder "The Unforgiven" waren erfollegräich. Den Alle Farben war mat "Supergirl", "Please Tell Rosie", "Bad Ideas" an "Only Thing We Know" richteg erfollegräich.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lena, Silbermond, Wir Sind Helden
Lauschtert eran: