Déi britesch Newcomerin presentéiert hir nei Single "Why Her Not Me".

Fakten:
Ënner anerem inspiréiert vum Lauryn Hill an Nina Simone fänkt dat 21 Joer alt Grace scho mat 13 Joer un, Lidder ze schreiwen a léiert sceh selwer Gittar spillen. E puer Joer méi spéit  léiert hatt mat Hëllef vu Youtube Videoen Piano spillen a baut säin Zëmmer zu enhem Mini Opahmestudio ëm.

Aussergewéinleches:
Den emotionale Song "Why Her Not Me" kann ënnerschiddlech interpretéiert ginn. Fir d'Grace selwer ass den Titel ganz perséinlech, well en adresséiert sech un säi Papp, deen hatt a seng Mamm eleng gelooss huet wéi hatt nach ganz kléng war.  Iwwerhaapt ass ee groussen Deel vu senger Musek vun dësem Verloscht inspiréiert. Mat senge Songs schreift hatt sengem Papp indirekt Bréiwer, gefëllt mat allem wat hatt ëmmer wollt soen wollte, awer bis elo ni konnt.

Fréier Hits:
Scho mat senger Debüt EP „Saving Grace“ a mat der Single mam selwechten Numm huet d'Grace schonn op sech opmierksam gemaach.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anne-Marie, MNEK, Destiny's Child

Lauschtert eran: