"Falling Down" bitt Lo-Fi Sound vun 2 fréi gestuerwene Museker.
Fakten:
De Lil Peep ass zejoert gestuerwen, den XXXTentacion dëse Summer. Trotz hirem fréien Dout haten di 2 Rapper scho grouussn Erfolleg. Den XXXTentacion huet de Part fir "Falling Down" just e puer Wochen virun sengem eegene Dout opgeholl. De Lil Peep war dee Moment schonn dout. Den duusse Lo-Fi Sound an de melodiéise Gesang erënneren un di spéit Wierker vun X.
Aussergewéinleches:
"Falling Down" ass eréischt kierzlech offiziell verëffentlecht ginn, awer a Wierklechkeet geeschtert de Song scho méi laang duerch d'Welt. Fir d'éischte Kéier ass en am Dezember ënnert dem Numm "Sunlight On Your Skin" eraus komm - als Kollaboratioun vum Peep a Makonnen. Baséierend op Snippets schengt "Falling Down" dee selwechte Song mat enger neier Strophe vum X am Plaz vum Makonnen sengem Part ze sinn. D'Mammen vun béide Rapper haten decidéiert, dëst Lidd als gemeinsam Single vun hiren zwee Jongen eraus ze bréngen.
Fréier Hits:
Posthum Verëffentlechungen sinn am US-Rap keng Seltenheet. Di bekannteste kommen vun de Rap-Rivalen The Notorious B.I.G. an Tupac. Béid Museker goufen an den 90er erschoss an zanterhier goufen ëmmer nees nei Alben a Songs vun hinne verëffentlecht.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Post Malone, Drake, J. Cole
Lauschtert eran: