Am Virfeld vu sengem neien Album "The Atlas Underground" presentéiert den Tom Morello eng nei Single.

Fakten:
2017 huet hien nach mat senger Supergroup Prophets of Rage een Album eraus bruecht, dëst Joer ass den Tom Morello solo ze héieren. Säin Soloalbum soll "The Atlas Underground" heeschen an den 12. Oktober 2018 eraus kommen. Dofir huet de Morello sech eng ganz Rei u bekannte Musekerkollegen invitéiert, déi um Album matgeschafft hunn. Dozou gehéiere Portugal. The Man, Gary Clark Jr., Marcus Mumford, Killer Mike vu Run The Jewels, Big Boi, Vic Mensa, RZA a Steve Aoki.

Aussergewéinleches:
Mat der Single "Every Step That I Take" wëllt de Morello d'Diskussioun ronderëm psychesch Krankheete lancéieren. Hie seet: "Fir de Song "Every Step That I Take" mat Portugal. The Man a Whethan, engem jonken EDM-Wonner, gi mir ee Partenariat mat der Organisatioun SAVE an. Si këmmert sech ëm Suizidpreventioun an informéiert iwwer Depressiounen an hir Konsequenzen. Wéi de Chris Cornell virun engem Joer gestuerwen ass, gouf et eng Beweegung, fir de Stigma vu psychesche Krankheeten ewech ze kréien."

Fréier Hits:
Den Tom Morello huet de moderne Rock markéiert, wéi kaum een Zweeten: Hien ass Matgrënner vu Formatiounen wéi Rage Against The Machine, Audioslave an de Prophets Of Rage.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Stone Sour, RHCP, Alter Bridge

Lauschtert eran: