De Mark Forster ass zréck mat der 1. Single vu sengem neien Album "Liebe".

Fakten:
Mat „Einmal“ verëffentlecht de Mark Forster déi 1. Single vu sengem 4. Album "Liebe", deen de 16. November eraus kënnt. Am Lidd feiert de Mark Forster alles dat, wat dat mënschlecht Liewen eben sou eemoleg mécht. Momenter, déi een eben just  eemol erlieft – ob traureg, ob voller Gléck oder couragéiert.

Aussergewéinleches:
Vu senge Fans krut de Mark Forster e sëlleche Clips geschéckt, déi genee sou Momenter weisen. Dës Opnamen huet hien zesumme mat alem Filmmaterial zum éischten Video vum neien Album kombinéiert.

Fréier Hits:
Richteg bekannt ass de Mark Forster 2013 duerch de Sido ginn. Am Sido sengem "Einer dieser Steine" huet hien de Refrain gesongen. Alt rëm un der Säit vum Sido sollt dann am Joer duerno "Au Revoir" erauskommen an e WM Hit an Däitschland ginn. Aus sengem aktuellen Album "Tape" sinn d'Lidder "Wir sind groß", "Chöre" a "Sowieso" zu Hits ginn.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Max Giesinger, Tim Bendzko & Andreas Bourani

Lauschtert eran: