Den norwegeschen DJ ass zréck mam 3. a leschten Deel vu senger "World of Walker"-Trilogie.
Fakten
Fir seng nei Single huet den norwegeschen DJ a Produzent sech déi schwedesch Singer/Songwriterin Sophia Somajo an de Studio geholl. Di 33 Joer al Sängerin huet scho mat der Pop-Legend Max Martin zesumme geschafft a Lidder fir Christina Aguilera, Robyn an d'Backstreet Boys komponéiert.
Fréier Hits
Mat sengem Remix “Faded” vu senger eegener Single “Fade” huet et den Alan Walker am Joer 2015 fir d'éischt un d'Spëtzt vun den internationalen Charts gepackt. Den norwegeschen DJ a Produzent huet dono weider Nummer-1-Hits eraus bruecht, a stoung bei bekannte Festivaller op der Bühne.
Aussergewéinleches
"Diamond Heart" ass dat 3. a lescht Kapitel vun der ‘World Of Walker’-Trilogie. Déi 1. zwee Deeler vun der Trilogie waren “All Falls Down” feat. Noah Cyrus an Digital Farm Animals grad wéi dat 2. Kapitel “Darkside” feat. Au/Ra und Toxine Harket.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lost Frequencies, Jonas Blue, Sam Feldt
Lauschtert eran: