"Open My Mouth" ass d'Lead-Single vum Kiiara sengem Debütalbum.
Fakten:
D'Kiara Saulters as eng amerikanesch Sängerin vu 24 Joer: Besser bekannt ass hatt ënnert sengem Kënschtlernumm Kiiara. "Open My Mouth" ass d'Leadsingle vum Debütalbum, deen am Hierscht eraus kënnt.
Aussergewéinleches:
A senger neier Single thematiséiert d'Kiiara séilesch Problemer, mat deenen hatt zanter Joren ze kämpfen huet. Een encourageante Song, mat deem d'Sängerin och aner Leit wëllt dozou bréngen, oppen iwwer Problemer ze schwätzen an sech net méi laang eleng ze fillen.
Fréier Hits
Dem Kiiara seng Stëmm kennt ee schonn aus senge Lidder wéi d'Hitsingle "Gold" oder aus senger Kollaboratioun "Heavy" zesumme mat Linkin Park
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Halsey, Bebe Rexha, Anne-Marie
Lauschtert eran: