Di brittesch Girl-Band mellt sech zréck mat hirem 2. Album.

Fakten:
De Londoner all-female Quartett The Big Moon huet mat „Take A Piece“ eng nei Single eraus bruecht. D'Lidd ass e Virgeschmaach op den 2. Album vun der Band, deen den 10. Januar op de Maart kënnt. Parallel dozou huet d'Band eng europäesch Headlinetour fir Ufank 2020 ugekënnegt.

Aussergewéinleches:
D'Sängerin Juliette Jackson huet The Big Moon 2015 gegrënnt. Deemools huet hatt vill Zäit op Rock-Concerte verbruecht. Hatt wollt dunn och Gittarmusek maachen, mat senge beschte Frëndinnen an engem Van op Tour goen an eng gutt Zäit hunn. An dat funktionéiert.

Fréier Hits
2017 goufen The Big Moon mat hirem Debütalbum "Love In The 4th Dimension" bekannt. Souwuel Fans wéi Kritiker hu si mat hire melodiéise Popsongs iwwerzeegt. Si hunn ausverkaaften europäesch Headlinetouren gespillt a goufe fir de renomméierte britesche Mercury Prize nominéiert.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Blossoms, Wombats, Sam Fender

Lauschtert eran: