D'Georgia presentéiert mat "24 Hours" eng nei Single aus sengem 2. Album.

Fakten
Den 10. Januar 2020 bréngt di Londoner Musekerin Georgia hiren 2. Album "Seeking Thrills" eraus. Dorop ze fannen ass och seng nei Single, de Synthiepop-Song „24 Hours“.

Aussergewéinleches
De Song gouf vun der Sängerin hiren Erfarungen an der Berliner Partyszene inspiréiert a fänkt d'Euphorie vun enger Nuecht an der Dance-Music-Haaptstad vun Europa an.

Fréier Hits
Bekannt ass di jonk Britin fir hiren Debütalbum vun 2015 a fir Singele wéi "Started Out" oder "About Work The Dancefloor".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Chvrches, Charli XCX

Lauschtert eran: