Di amerikanesch Soulsängerin ass zréck mat neier Musek

Fakten:
D'Powerfra Alicia Keys huet nei Musek um Start! Nodeems d'Alicia Keys schonn 2019 3 nei Tracks gedroppt huet - dorënner och "Show Me Love" mam US-Sänger Miguel - koum am Dezember eng Nouvelle zum neien Album: "A.L.I.C.I.A." soll d'Wierk heeschen an am Fréijoer 2020 zesumme mat der Biographie "More Myself: A Journey" eraus kommen. Iwwerdeems den definitive Release-Datum nach net fest steet, dierfe mir eis elo iwwert di Single aus dem Album freeën.

Aussergewéinleches:
D'Alicia Keys huet mat "Underdog" ee Lidd geschriwwe fir déi Mënschen , deene soss keen ee Lidd schreift: den einfache Mënschen, de Buschaufferen, Schoulmeeschter oder de Vendeusen - den "Underdogs".

Fréier Hits:
Am Laf vu senger Karriär huet d'Alicia Keys méi wéi 30 Milliounen Albe weltwäit verkaf, an e sëllege Präisser gewonnen- dorënner 15 Grammy'en.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Joss Stone, Beyoncé, Adele

Lauschtert eran: