Nom Hit "Nice Guys" ass di britesch Band zréck mat enger neier Single

Fakten:
Easy Life si 5 jonk Museker vu Leicester. Gegrënnt ginn ass d'Band am Joer 2017 vum Murray Matravers a sengem Schoulkolleg Sam Hewitt. De Bandnumm "Easy Life" steet fir d'Flucht virum Drock deen di modern Gesellschaft engem opzwéngt. Nom Hit "Nice Guys" vun 2019 ass di brittesch Band zréck mat hirem entspaante Mix aus Hip-Hop, R´n´B, Pop an Elektro.

Aussergewéinleches:
D'Newcomer knäppe sech an der neier Single d'Partyexzesser zu Los Angeles fir. Dat kléngt grooveg, d'Lyrics sinn awer éischter kritesch. Wéi muss sech dat ufillen, wann d'Champagner-Partyen ni eriwwer sinn an ee sech keng Paus méi fir sech selwer gënnt?  Awer keng Angscht, d'Band huet hire Sënn fir Humor net verluer. Easy Life spille grad Concerten an de Sänger Murray Matravers poséiert am Hot Dog-Kostüm. Firwat? Well d'Band grad hiren neie Mixtape „Junk Food“ eraus bruecht huet.

Fréier Hits:
Esou richteg op sech opmierksam gemaach, hunn Easy Life mat hirem Mixtape "Spaceships", deen d'lescht Joer erauskomm ass. Dorop ass ënnert anerem d'Single "Sunday". Hir EP "Spaceships" hu si och op enger UK-Tour presentéiert, déi komplett ausverkaaft war. Zejoert haten Easy Life dunn hir erfollegräich Single "Nice Guys" erausbruecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lauv, Blackbear, Chance the Rapper

Lauschtert eran: