Zesumme mat der norwegescher Sängerin Alida presentéiert de Robin Schulz een neie Partytrack.

Fakten
Fir de Robin Schulz war d'Kollaboratioun mat der Sängerin Alida total spannend. Awer fir „In Your Eyes“ huet hie sech och Verstäerkung vum Producer-Team The Monsters & Strangerz geholl. Déi hu scho mam Camila Cabello, Zedd a Maroon 5 zesumme geschafft.

Aussergewéinleches:
De Robin Schulz kënnt vun Osnabrück an huet sech weltwäit als DJ a Produzent een Numm gemaach. Alles huet 2014 mam Remix zum Song ‚Waves‘ ugefaangen. Mëttlerweil huet de Museker 15 eege Singelen an 3 Alben eraus bruecht. An de leschte 5 Joer huet hie 15 Millioune Placke verkaf an notéiert 6 Milliarde Streams.

Fréier Hits
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" feat. Lilly Wood & The Prick eraus komm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok", oder vru kuerzem mam Harloe den Hit "All this Love".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs

Lauschtert eran: