Nom posthumem Album „Tim“ am Juni 2019 ass elo deen nächsten Avicii-Song eraus komm.

Fakten
Fans vum verstuerwenen DJ a Produzent Avicii kënne sech och weiderhin iwwer posthum verëffentlecht Songs freeën. E Freideg huet den norwegesche Produzent Kygo den Avicii-Song "Forever Yours" eraus bruecht. Scho beim groussen Tribute-Concert am Dezember hat de Kygo de Song virgestallt. Et war dee Moment awer nach net kloer, ob en och verëffentlecht géing ginn. Matgeschafft um Song huet och de Sänger Sandro Cavazza, deen d'Vocals zum Stéck bäisteiert.

Aussergewéinleches:
D'Geschicht vun der Single ass iwweraus spannend. U sech hat den Tim Bergling alias Avicii de Song eleng produzéiert an ënner anerem um Ultra Music Festival zu Miami gespillt. No sengem Doud huet de Kygo d'Produktioun op Wonsch vu senger Famill fäerdeg gestallt. Béid Museker waren deemools matenee befrënnt.

Fréier Hits
De Kygo huet 2015 mat "Firestone" en éischten Hit gehat. Lidder wéi "It Ain't Me", "Remind Me To Forget" a "First Time" si weider Kygo-Hits.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lost Frequencies, Martin Garrix, Robin Schulz

Lauschtert eran: