Indierock aus der Belsch!

Fakten:
Lemon Straw ass eng Indieband aus der Belsch déi am Februar hiren 3. Album eraus bréngt. Am Virfeld gëtt et elo schonn e Virgeschmaach mat der Single " I Never Do".

Aussergewéinleches:
Viru senger Musekskarriär huet de Sänger a Gittarist vun der Band, Giani Sabia, zu New York verschidden Jobs gemaach, wéi Barman, Livreur a Babysitter, an huet dono op der Strooss oder am Metro Coverversioune gesongen. D'Zitroun am Bandnumm  (Lemon) baséiert iwwerdeems um John "Lennon": dem Giani säin Job als Babysitter war nämlech ganz no bei där Plaz wou den John Lennon ëmbruecht gouf.

Fréier Hits
Bekannt goufe Lemon Straw 2010 mat hirem 1. Album "See you on the other side ". Dorop ze fanne sinn déi zwou Singelen "Look around you" an "I don’t care".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Circa Waves, We Are Scientists, Miles Kane

Lauschtert eran: