Den däitschen DJ, Producer, a Remixer Tino Piontek ass zréck mat enger neier Dancefloor-Single.

Fakten
De Kapp hannert Purple Disco Maschine ass den Tino Piontek aus Dresden. An de leschten 12 Méint war den Timo vrun allem als Remixer aktiv- fir Staren wéi Dua Lipa, Mark Ronson an Robert Surace. Elo huet den däitsche Producer sech zréck gemellt mat enger neier eegener Single - den Dancefloor-Hit "In my Arms".

Fréier Hits
Den Tino Piontek leet zanter 2009 als DJ op. 2013 hat hien mat der  Single "My House" ee kléngen Duerchbroch. 2017 koum deen éischten Hit mat "The Devil In Me".

Aussergewéinleches
Och d'Remixer vun Purple Disco Maschine kënne sech weise loossen. Dobäi sinn zum Beispill Remixer fir Jax Jones, Years & Years, Fat Boy Slim a Calvin Harris.


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Claptone, Tensnake, Bakermat

 

Lauschtert eran: