D'Anne-Marie huet zwar eréischt de 7. Abrëll Gebuertsdag, liwwert mat „Birthday“ awer elo schonn di passend Single.

Fakten
Features mat Rudimental, Clean-Bandit a Sean Paul hunn dem Anne-Marie de Wee fräi gemaach fir eng erfollegräich Solo-Karriär. Seng Musek geet vu Liebesballaden bis zu Gutt-Laun-Songs a kombinéiert seng onverkennbar Stëmm mat poppege Melodien. 2020 kënnt säin 2. Album eraus. "Birthday" ass déi éischt Single doraus. „It’s my birthday / I’ma do what I like / I’ma wear what I like / I’ma party tonight” séngt d'Anne-Marie hei. Et ass de Versuch, all d'Suergen op dësem Dag einfach mol auszeblennen. D'Anne-Marie wëllt einfach mol just dat maachen, wourop hatt Loscht huet a sech mat Mënschen ëmginn, déi léif mat him sinn.

Aussergewéinleches
D'Anne-Marie gouf mat 12 Joer Karateweltmeeschterin. De Sport huet hatt staark markéiert an d'Disziplin, déi hatt hei geléiert, huet him och am Museksbusiness weider gehollef. Säin éischte Mixtape, deen 2015 eraus koum, huet hatt "Karate" genannt.

Fréier Hits
Mat "Rockabye" hat d'Anne-Marie am Joer 2016 e Mega-hit un der Säit vu Clean Bandit an dem Sean Paul.  Seng Lidder "Alarm" an "Ciao Adios" sollten d'lescht Joer zu Chart-Hits ginn. An aktuell ass d'Britin un der Säit vum Marshmello am Song "Friends" ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bebe Rexha, Alma & Mabel

Lauschtert eran: