No hirem gemeinsamen Hit „Talk“ hu sech Khalid an Disclosure op en neits zesumme gedinn. 

Fakten
Ee Joer nom weltwäiten Hit "Talk" presentéieren Khalid an Disclosure mat "Know Your Worth" eng weider gemeinsam Single. "Know Your Worth" ass och um Khalid sengem 3. Album ze fannen, deen am Laf vun dësem Joer eraus kënnt.

Aussergewéinleches:
Sech selwer ze schätzen a sech trei ze bleiwen, eng positive Perspektive anzehuelen an sech gutt ze fannen- dat ass oft guer net esou einfach . De Khalid fënnt op der neier Single kloer Wieder dofir. "Find someone you know will put you first / Find someone who loves you at your worst". Et soll sech net just selwer acceptéieren, mee sech och een Ëmfeld schafen, dat een als Persoun unerkennt a gären huet.

Fréier Hits:
Hiren éischte groussen Erfolleg haten Disclosure 2012 mam Song "Latch" mam Soulsänger Sam Smith. En Top 40 Hit an England.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris , Route 94, Years&Years

Lauschtert eran: