„Instant History“ kléngt zimmlech poppeg an ass een éischten Teaser op deen neien Album.

Fakten
Et ginn News vun der bekannter schottescher Rockband: Biffy Clyro sinn zréck mat der neier Single „Instant History“ . Et ass deen éischten Extrait vum 8. Studioalbum, deen am Laf vum Joer eraus kënnt.

Fréier Hits
Hire leschten Album "Ellipsis" huet 2016 Plaz vun de britteschen an den däitschen Albumcharts erreecht.

Aussergewéinleches:
Biffy Clyro hunn hiren Album „Only Revolutions“ vun 2009 nom Roman vum amerikanesche Schrëftsteller Mark Z. Danielewski benannt. Dat Besonnescht um Buch: D'Geschicht kann ee souwuel vun hanne wéi och vu fir liesen, well op enger Buchsäit lénks a riets jeeweils eng aner Persoun erzielt. All 8 Säite soll een d'Buch ëmdréien. De Biffy Clyro-Sänger Simon ass e grousse Fan vum Buch.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Circa Waves, The Wombats, Kasabian

Lauschtert eran: