Den italieneschen Trio ass zréck mat enger neier Single.

Fakten:
Meduza kommen aus Italien a bestinn aus 3 Produzenten. Hir Debütsingle "Piece Of Your Heart" ass scho virun engem Joer an England um Radio gespillt ginn. Elo gouf de Song awer eréischt offiziell verëffentlecht.

Aussergewéinleches:
Am Plaz vun den typesche Schlaangenhoer vun der griichescher Gëttin Medusa sinn um Cover vun der Meduza-Single Iwwerwaachungskameraen um Kapp vun enger Statue ze gesinn.

Fréier Hits
Nodeems den Tiësto de Song a senger eegener Radioshow gespillt huet, an d'Italiener beim "Amsterdam Dance Event" opgetruede sinn,  gëtt et an der Dance Szene just positive Feedback wéi zum Beispill vun Fat Boy Slim.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Duke Dumont, Route 94, Bakermat
 

Lauschtert eran: