Ënnert dem Gemeinschaftsprojet „Europa“ sinn Jax Jones a Martin Solveig zréck mat enger neier gemeinsamer Single.

Fakten:
"EUROPA" heescht de Museksprojet vun de Kënschtler Jax Jones a Martin Solveig, Zesummen hunn si d'Kollaboratioun 2019 gestart a mat der Sängerin Madison Beer d'Single "All day and Night" eraus bruecht. 2020 ass den Elektroduo zréck. Fir den Titel "Tequila" hu si sech di brittesch R’n'B- a Pop-Sängerin Raye mat an d'Boot geholl.

Aussergewéinleches
Den Jax Jones ass net just Produzent, mee och Multi-Instrumentalist.

Fréier Hits

De Londoner Produzent a Museker hat 2016 mat der Single „You Don’t Know Me“ een éischte groussen Hit gelant.  Dono huet hien mat “Instruction” zesumme mam Demi Lovato a Stefflon Don fir Partystëmmung gesuergt. Ausserdeem huet hien zesumme mat der Sängerin Ina Wroldsen am Titel "Breathe" d'Charts gestiermt, grad wéi mam Mabel & Rich the Kid den Hit "Ring Ring", mat Years & Years den Hit "Play", mam Martin Solveig "All Day and all Night", a mam Ella Henderson "This Is Real".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Calvin Harris, Duke Dumont, Sigala

Lauschtert eran: