No hirem leschten Hit "Learn To Let Go" si Welshly Arms elo zréck mat enger neier Single.

Fakten
Mat "Legendary" hu Welshly Arms ee Klassiker gelant, deen iwwer 70 Millioune Streams notéiert an der Band eng international Fangemeinschaft organiséiert huet. Ufank vun dësem Joer huet di amerikanesch Band sech zréck gemellt mat der Single "Trouble". D'Thema dierft all Mënsch kennen: Et geet em all di Problemer, déi engem sou am Dag begéinen- an d'Fro: Wéi geet een domat ëm? Welshly Arms soen, dass ee sech net ze vill soll iergeren.

Aussergewéinleches
Hir Songs goufe schonn an der Netflix-Serie "Sense 8" an am Trailer vum Quentin Tarantino Film "The Hateful Eight" gespillt. Och den Hit "Legendary" ass an engem Kinofilm gelaf. Et war den offiziellen Titeltrack zum Power Rangers Film.

Fréier Hits
Virun 3 Joer hat di amerikanesch Band Welshly Arms mat "Legendary" een éischte weltwäiten Iwwerraschungshit gelant.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kaleo, Hanni El Khatib, The Black Keys

Lauschtert eran: