Di éischt Single aus dem Trolls-Soundtrack ass een Duett tëscht dem Justin Timberlake an der R&B-Sängerin SZA.

Fakten:
D'Fortsetzung vum Blockbuster "Trolls" aus dem Joer 2016 kritt musikalesch Ënnerstëtzung aus héchste Popkreesser. Den Justin Timberlake huet de Soundtrack produzéiert, zesumme mam Grammy-ausgezeechente Komponisten Ludwig Göransson. Di éischt Single aus dem Soundtrack "The Other Side" ass een Duett vum Justin Timberlake mat der R&B-Sängerin SZA.

Aussergewéinleches:
"Trolls 2 - Trolls World Tour" kënnt den 23. April an Däitschland an de Kino. Mat dobäi sinn och d'Lena Meyer-Landrut an de Mark Forster als Stëmmen vun der Trolls Poppy a Branch.

Fréier Hits
Mat 22 Joer huet den Justin Timberlake sech vum Boy-Group-Image (N'Sync) geléist an eng Solocarrière gestart. Säin Solo-Album "Justified" huet 2004 ee Grammy kasséiert, grad wéi de Song "Cry Me A River". Den Album "FutureSex/LoveSounds" (2006) huet et an USA un d'Spëtzt vun de Billboard Chats gepackt, d'Debutsingle "SexyBack" huet a ville Länner d'Spëtzepositioun an den Charts (GB/USA/D) erreecht. Am Joer 2013 gouf et mat der Single "Suit & Tie" ee weideren Hit, och den Album "The 20/20 Experience" war ee Succès. 2016 hat hie mat "Can't Stop The Feeling" nees een Nummer 1 Hit. Dono hien mat "Say Something" ee weideren Hit. Di amerikanesch R'n'B-Sängerin SZA hat an hirer Heemecht Hits wéi "The Weekend" a "Love Galore".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Usher, Bruno Mars, Jason Derulo

Lauschtert eran: