Fakten:
Am Joer 2017 huet di brittesch Newcomerin Beabadoobee eng duuss Akustik-Ballade mam Numm "Coffee" eraus bruecht. 2 Joer dono ass ee Remix vun deem Lidd eraus komm, wou de jonke Kanadier Powfu iwwert de Beat vum Lidd séngt a rappt. Ufank 2020 hu Beabadoobee a n Powfu eng 2. Kollaboratioun presentéiert mam Titel "Death Bed". D'Lidd ass um Powfu senger neier EP "Some Boring, Love Stories, Pt. 2." ze fannen, déi dëst Joer eraus kënnt. 

Aussergewéinleches:
Änlech wéi dem Lil Nas X säin Hit "Old Town Road" gouf och "Death Bed" iwwert d'Videoplattform TikTok verbreet an sou engem grousse Public bekannt. "Death Bed" notéiert iwwer 5 Millioune Streams op SoundCloud. Op YouTube gouf et méi wéi 24 Millioune Mol gekuckt.

Fréier Hits
Deen erfollegräichste Song vu Powfu Feat. Beabadoobee a Groussbritannien ass bis elo di aktuell Single "Death Bed". De Song huet et bis op Plaz 68 gepackt. An anere Länner wéi Däitschland oder huet bis ewell nach kee Song vu Powfu Feat. Beabadoobee d'Charts erreecht.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lana Del  Rey, Tove Lo, Lorde

Lauschtert eran: