No den Hits "Don't Call Me Up" a "Mad Love" ass d'Sängerin Mabel zréck mat neier Musek.

Fakten:
Ufank 2020 huet d'Sängerin Mabel hir Single "Boyfriend" eraus bruecht. Fir den neien Titel huet d'Sängerin mat de selwechte Songwriter zesumme geschafft, déi him och bei „Mad Love“ an „Don’t Call Me Up“ gehollef hunn. Am neie Song geet et drëm, sech selwer gäeren ze hunn. Och wann een e Partner huet, däerf ee sech net vergiessen.

Aussergewéinleches:
D'Mabel ass d'Duechter vun der Sängerin Neneh Cherry a vum Museksproduzent Cameron McVey (vun  der Band Massive Attack). D'Mabel ass deemno och d'Niess vum Eagle Eye Chery,

Fréier Hits:
D'Mabel huet seng Musekskarriär 2015 mat der Single "Know Me better" gestart. Säin internationalen Duerchbroch huet hatt Ufank 2019 mam Song "Don't Call Me Up" erreecht, deen a ville Länner d'Top 10 vun den Charts geknackt huet. Mam Titel "Mad Love" konnt hatt un dësen Erfolleg uknäppen. Säin Debütalbum "High Expectations" ass am Summer 2019 eraus komm. 2020 gouf d'Mabel bei de Brit Awards als bescht brittesch Solokënschtlerin ausgezeechent.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rita Ora, Anne-Marie, Ariana Grande

Lauschtert eran: