De Ray Dalton ass d'Stëmm vu "Can’t Hold Us" vu Macklemore & Ryan Lewis. Elo huet hien een eegent Lidd.

Fakten:
Spéitstens zanter dem Hit "Can’t Hold Us" vu Macklemore & Ryan Lewis kennt een d'Stëmm vum Ray Dalton. Et war dëse Sänger, deen de Refrain gesongen hat. Elo ass de Ray Dalton zréck mat eegener Musek.

Aussergewéinleches:
De Ryan Lewis hat de Ray Dalton op Facebook ugeschriwwen, fir hien ze froen, ob e bei enger Kollaboratioun dobäi wär.

Fréier Hits:
Scho mat 6 Joer huet de Ray am Chouer gesongen. Bis zum Enn vu senger Schoulzäit huet de Museker vu Seattle dat gemaach. Mam "Total Experience Gospel Choir" ass hie spéider ronderëm d'Welt gereest. Säi Museksvideo zu "In My Bones" erënnert u seng musikalesch Originnen, dem  Gospel. An och am Song ass ëmmer nees e Chouer am Hannergrond ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Rag ‘n‘ Bone Man, Welshly Arms, Tom Grennan

Lauschtert eran: