No 2 Joer Paus melle sech Dirty Projectors mat hirer neier Single "Overlord" zréck.

Fakten:
D'Dirty Projectors sinn eng US-amerikanesch Folkband vun New York ronderëm de Singer-Songwriter Dave Longstreth.

Aussergewéinleches:
Hannert dem Projet Dirty Projectors stécht an éischter Linn den David Longstreth vu Brooklyn: Hien ass de Mastermind, deen d'Musek mécht, déi een als Weird Folk oder Art-Pop kann aklasséieren.

Fréier Hits:
Den David Longstreth huet Ufank vun den 2000er ugefaangen, eege Songs opzehuelen. 2002 ass säin éischten Album ënner eegenem Numm eraus komm. Dono huet hie mam Adam Forkner eng éischte Kéier ënnert dem Numm "Dirty Projectors" den Album "The Glad Fact" eraus bruecht. Dono sinn nach aner Bandmemberen dobäi komm. Den Duerchbroch koum 2009 mam Album "Bitte Orca", deen et bis an d'Top 100 vun den US-Albumcharts gepackt huet.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Feist, Fleet Foxes, Vampire Weekend,

Lauschtert eran: