Am Virfeld vum neien Album sinn Haim zréck mat enger neier Single

Fakten:
De Schwëstertrio Haim huet seng nei Single "The Steps" op de Maart bruecht. Parallel dozou huet d'Band een neien Album ugekënnegt. "WOMEN IN MUSIC PT. III" kënnt de 24. Abrëll 2020 eraus. De Sound vun der neier Single huet ee Feel-Good-Vibe, awer inhaltlech schéint et ëm di kléng Problemer an enger Bezéiung ze goen. Dobäi sträift de Song och d'Thema "Onofhängegkeet: „And every day I wake up and make money for myself and though we share a bed, you know that I don´t need your help“.

Aussergewéinleches:
Schonn ier di 3 Schwësteren d'Band Haim gegrënnt hunn, hunn si zesumme Musek gemaach. An zwar zesumme mat hiren Elteren. D'Familljeband huet “Rockinhaim” geheescht. 2006 hunn d'Schwësteren sech musikalesch vun den Elteren lass geléist, si hunn den “Rockin” am Numm ewech gelooss a sinn elo just nach Haim.

Fréier Hits
Enn 2012 goufen di 3  Schwësteren mat hirer Single "Forever" bekannt. D'Virnimm: Danielle, Alana an Este, de Familljennumm: Haim.  2013 koum den Debütalbum “Days Are Gone” an dono ënner anerem eng Tour mam Taylor Swift.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Lykke Li, Lorde, Ellie Goulding

Lauschtert eran: