Den Jonas Blue an d'Paloma Faith kollaboréieren eng éischte Kéier zesumme fir hire Song "Mistakes" - ee fonkelneie Pop/Tropical House Summerhit.

Fakten
Viru kuerzem koum di gemeinsam Single "Mistakes" vum Jonas Blue a Paloma Faith op de Maart. Di 2 Kënschtler soen, dass si sech mat hirer Kollaboratioun een Häerzenswonsch erfëllt hunn. Mat "Mistakes" liwweren di 2 ee summertaugleche Pop/Tropical House/Dance-Song, deen elo schonn d'Top 40 an den Charts geknackt huet.

Aussergewéinleches:

Wéi den Jonas Blue seet, wollt hie scho méi laang mam Paloma zesumme schaffen. Di brittesch Sängerin ass scho mat Danzhymne vertraut, well hatt schonn um Sigma-Hit "Changes" an um Track "Lullaby" mat Sigala ze héiere war. Den Jonas Blue huet virdru scho mat Stare wéi Raye (‚By Your Side‘), Liam Payne, Lennon Stella (‚Polaroid‘) a Rita Ora Lidder opgeholl.

Fréier Hits
De briteschen DJ a Produzent Jonas Blue hat mat senger Debütsingle, der Covernummer „Fast Car", a ganz Europa een Hit.  D'Single huet sech gläich an e puer Länner an den Top 10 vun den Charts plazéiert. D'Paloma Faith ass eng englesch Schauspillerin a Sängerin. Zu senge bekanntste Songs gehéieren "Upside Down", a "Lullaby" feat. Sigala.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

Mike Perry, Felix Jaehn, Martin Jensen

Lauschtert eran: